CLUB AKTIV+ DIDDELENG

Barrièrefräiheet

Jidderee soll de Programm liesen an um Clubliewe matmaache kënnen. Hei fannt Dir Hëllef fir d’Bedienung an Informatiounen iwwer d’Barrièrefräiheet vun der Website.

D’Website mat der Tastatur benotzen

Barrièrefräiheet vun der Website

D’Website orientéiert sech um Referenzkatalog RAWeb 1.1. Si bitt ënner anerem Tastaturbedienung, e siichtbare Fokus an en direkten Zougang zum Haaptinhalt. Eng vollstänneg Konformitéit mam RAWeb 1.1 ass net attestéiert.

Beim Film, de PDF-Dokumenter an den agebonne Facebook-Inhalter kann et Aschränkunge fir d’Benotzung mat Hëllefstechnologië ginn. Wann Dir en Inhalt net benotze kënnt, kontaktéiert eis. Mir hëllefen Iech, déi gewënscht Informatioun ze kréien. Facebook ass och iwwer en direkte Link erreechbar.

De Referenzkatalog RAWeb 1.1 liesen

Dir braucht Hëllef?

Sot eis, op wéi enger Säit Dir e Problem hutt a wat net klappt. Mir hëllefen Iech bei der Informatioun oder bei Ärer Ufro fir matzemaachen.

+352 26 51 55 1
info@aktiv-diddeleng.lu